Hallo, jo dir hudd richteg geliest, de Summer ass anwesend, haut waren et iwwer 25 Grad, also Tiptop, an muer sollen et der laut wetter24 30° gin ;)
Geschter war ech mam Roy & Julie um ING Marathon an jo do war och gudd wieder, an jo mir waren mam Scoot dohinner gefuer, an dun oowes hat de Roy d'Julie mam Scoot heemgefouert an ech sin zefouss richtung Neudorf entgeint gaang (kann een jo nemmen zu 2 op engem Scooter fueren), an jo dun ass de Roy mer bei den Dreckkeschten entgeint komm an hat eng lusteg idee (fir insider emmerhin ;), fir dei dei et net wessen: An Deitschland leeft emmer soueng Volksfreund.de reklamm Starwars für Arme oder sou, wou dann 2 sou Typsen bei Containeren soueen Kampf hun ... ech hun en lo leider net sou direkt fonnt, mee wann een de Video huet kann en mer de Link jo gin, merci! ) .. bon, emmerhin hun mer dat wolten nostellen, an jo dass mol guernet sou weit vum Orginal Video entfernt, dofir hun ech et op Youtube gesaat an well et och lo hei am Blog weisen, mee et muss een am Hannerkapp behaalen dass et v1 Beta ass ouni dat ganzt geprouft ze hun, also ausser dat wat der do um Video gesidd, also 100% uncut versioun!!
An jo well ech grad o na bessi meng YT Favoriten duechgekuckt hun hei na een Video deen meng Bloglieser zu 95% net wärten witzeg fannen mee egal daat muss lo sin ;)
An dann well ech grad um Youtube Filp sin och na meng 3000km mat mengem neien Fiesta
Ech hun der mettlerweil awer well iwwer 4000 ;)
Bon, a wann mer well bei Ford sin, hei eisen neien Familljenauto & mengem Papp:
An hei eng vun mengem leschten Fotoen vum Toyota:
Sou, lo gin ech awer mol schloofen ech muss schliesslech muer schaffen goen :/
STOP, ech muss nach mat eppes lassgin: ECH HUN LO 1/3 VUN DER MEESCHTERPRüFUNG!! :)
Nuescht, chu!
Montag, Mai 25, 2009
Lo ass de Summer do ;)
Abonnieren
Posts (Atom)
