Mittwoch, Dezember 31, 2008

Jahresrückblick

Hallo, bon en Jahresrückblick gett et lo keen hei, iegendswei gin et der jo am moment iwwerall ... bon souflott war dest Joer am groussen ganzen och net, an dofir hoffen ech dass d'next Joer besser gett! An deem Senn HAPPY 09 :)


Drenkt net zevill ... hm ... jo .. mengen dat wa de leschten Androo destt Joer ;)

ech sin da mol Schloofen... chu :)

Montag, Dezember 15, 2008

*kritzel*

Moin, et ass mol rem engkeier suweit, ech hun all meng kraaft zesummengeholl fir iech hei lo puer mei oder manner helleg Botschaften ze verkennegen ;)

- De Kleesjen ass laansch
- Am Macdo kascht eng Zoos lo 10 Cent
- Chreschtdaach kennt gleich

Bon, ob dat lo wieklech intressant saachen sin wees ech net ...

Bon, wat ass geschidd (*Fotoen um handy kuck*) ... virun laanger laanger Zeit, ech wees mol nemmei weini:

Ech war Samstes moies mam Roy an den Autodesign gefuer well hien eng nei Xenon Bier kruut, an dun soot den Typs an der Garage bei engem oppenen Schlauch do misst een Filter hin, jo du soot de Roy da gidd ma een, an jo du kruut en sueng art Miniaturloftfilter ;) geseit deck lusteg aus:



An jo ... amfong ass iegendeen Ueleg an deem Schlauch *g*


-- egal --



Bon suweit sugudd,iegendswou wou ech engkeier geschafft hun hun ech folgenden Sticker op enger iwwerwachungs Kamera gesin:



Jo deen huet ma gefall ,dee keint een verschiddenen Leit op d'Stier peschen =) (natierlech keen vun mengen treien Blog lieser-innen) ... bon ... hun einfa mol missten eng Foto maan fir iech dat hei matzedeelen well deen mer gefällt =)


No bestemmt iwwer 2 Meint kruuten mer o eisen Scoot aus der reperatur aus dem "Profizentrum" Hela rem, dozou hun ech lo keng Foto, mee bon en geseit na emmer aus wei firdrun, wat gudd war ass dass mer alles GRATIS op d'Garantie ersaat kruuten :) , an als entschädegung o na en gratis Pneu, nei Battrie, Zündkärz an sou =)


Gescht wat Chreschtparade an der Staat, et gouf eng gratis Parkplaatz, gratis Cola, gratis Keelt, gratis iwwer eng halef Stonn warden, an ech gin iech gratis des Fotoen:

De fetten Cola Kleesjen
Eng verschwomme Foto vum Cola Truck
An eng manner verschwommen Foto davun ;)

An lo ass et halver lo hun ech Oowescour


Chu ;)

Schein feierdeeg an sou !