Hallo, seid gescht schneit et och bei eis am Ländele =)
Hei ass d'beweis Foto:
Bon an well ech schon grad meng Handy Card am PC hun, hei o na eng konschtvoll Fotografeiert Foschette =)
Dat ass wann een am Chineseschen Restaurant keng ze din huet ... bon ...
Zu mengem Auto gett et o News, vun der Versecherung kreien ech na 13 000 € rem, wat an der reih ass, ech hun +- 1000€ Wertveroscht mee dat geht awer, an dann kreien ech nach 150€ fir mein Aalen Auto rem (also de Schrottwert) ... bon op de Suen geif ech o na bessi dropblechen mee ech wees nach guernet wat ech mer als neien Auto kaafen soll ... am moment sin der net souvill raus dei mech Preis/Leeschtungs/Optesch meisseg unspriechen, bon ech hun jo nach gudd Zeit...
Villeicth maan ech et jo o wei beim Fiesta an ech hun well een Auto bestallt an keen vun iech wees et :P =) *hrhrhr* ... mee bon dat gesidd der jo dann an puer Wochen :)
Ech maan mech wech....
mfg Kloot
Samstag, November 22, 2008
Schnei & Updates
Mittwoch, November 12, 2008
Berichterstattung
Hallo,
Alsooo ... et gett puer schlecht an puer gudd Noriichten ...
Dei gudd gouf well gemellt, ech hu mein B-Day iwwerlieft, dozou wollt ech jo na mei schreiwen, mee souvill gett et o net dazou ze schreiwen, ech war Samstes op Orcholz eppes iessen mam Fabrice & Magalie (jo, d'CFL muss jo als eischtg enannt gin) & mam Roy & Julie , an Sonndes Mettes war ech mat der Famill an eng Pizzeria =) (-> Lorentzweiler, well awer lo keng schleichwerbung maachen wouhin)
Merci un all dei dei und mein B-Day geduecht hun, an dei dei ma een Kado gemaach hun!
Sonndes noom iessen wa ech mam Roy & Julie op Muntzen um Haupesch Maarkt ... do gouffen mer effektiv iwwerrascht ... dei Bäckerrei dei normalerweis MEGA GUDD Boxemännercher huet haat KENG! Boxemännercher ... no der deprimeierender Noriicht konnt den Daach jo net vill besser gin, mir sin nach bessi iwwer de Maarkt gelaaf an sin duerno heem gefuer...
Oowes sin ech dun nach mam Roy beim Roy seng Boom op Orcholz an d'Reha Center (oder soueppes) gefuer, an do um Parking huet de Roy nach rausfonnt wei den Testmode vun mengen Anzeigen aktiveiert gett, dat geseit da sou aus:
Ech hat daat mam Test Mode mettes am Fiesta St Forum geliest an wa dun och Happy dass daat och bei mengem Auto gaang ass, mee bon, nodeems mer bessi domatt gespillt haaten sin mer dun heem gefuer ... an do ass eppes geschidd, wat guernet lusteg war/ass ...
Info: Dass ZUM GLECK! kengem eppes geschitt! Merci Gott & Christophorus & ween och emmer dazou beigedroo huet!
Anzwar wa ech op der Treierer Autobunn gefuer, an do bei der Sortie wou et op Dommeldeng geet (also k.a. do wou d'Autobunn nachnet weidergeet) sin ech an der Keier un d'rutschen komm, an jo kruut den Auto no 2-3x hin an hier nemmei opgefaang, do huet en sech 90° gedreint, an ass an d'Leitplank gaang , an du sin ma zum Stoen komm.... bon vun Bannen huet een mol gesin dass de Capeau geknixxt war, an och fir (bessi, ... naja -.-) futti war, an enner dem Capeau huet et gebrannt (an net wei d'Wort schreift dass mein Auto "plötzlich" Feuer fing [Info: Net wuedwiertlech ziteiert]), bon, d'Gurter sin opgaag an d'Dieren och, d'Wanblinker goufen ungemaa, an du sin mer mol rausgeklomm an hun bessi "geblockt" (warscheinlech, vermuten mer, awer och net allzelaang!) geif ech soen, zu deem Zeitpunkt huet den Auto sou ausgesin:
Duerno ass alles relativ seier gaang, de Roy huet den 112 geruff, puer Saachen aus dem Auto geholl, Fotoen gema, an ech hun de Warndreieck opgestallt an probeiert de Leit beizebrengen datt se bessi mi lues sollen maachen, ech stung jo op der Iwwerhuelspuer ... jo an du ass och alles ganz seier gaang, ech wees zwar selver nemmei genau weini wat war,mee bon d'Feier ass net ausgaang wei ech gehofft haat, mee dass emmer mei gin ...
An jo, bis d'Pompjeeen du komm sin an alles geläscht war huet mein Auto bannendran sou ausgesin:
Dat roud emrahmtent ass d'Steierrad (gewiecht) an jo ... vun Baussen sou:
Bon ....
Totalschued ...
FAZIT (stechpunktmeisseg, well ech dat alles Textuell net ganz zesummengereimt kreien, bzw ech dann zevill iwwerleeen misst, an dass jo schliesslech well 10 fir 12 oowes, ahjo: Em dei Zeit oowes ass och +- den Accident geschidd):
- - Ech si frou dass kengem eppes geschidd ass, well wann mer do angeklemmt wären an lieweg verbrannt gewiecht wären oder ersteckt oder soss eppes, wär daat mega scheiss gewiecht ...
- - Och frou sin ech dass netnach aaner Autoen aneneen gerannt sin, well do hun der puer oofgebremmst, an duerno stungen d'Autoen an enger Schlaang meiweit raus wei den Warndreieck ...
- - Ech hoffen dass desen Beidroo bessi oofschreckt an Leit dazou brengt mei lues ze fueren, besonneg am Reen (ok normalerweis ännert een neischt un sengem Fahrverhalten, och wann een puer Fotoen geseit, mee dat huet een jo och no max. 3 Meint vergiess [wann een et net selver erlieft huet]), ech hoffen och dass ech selver et net (souschnell) vergiessen, am beschten nie, an dass ech o besser oppassen...
- - Ech hätt net geduecht dass een Auto innerhalb vun puer Minuten (MENNER WEI 10!) sou krass ooffaakelen kann
- - Ech wär frou wann der iech een Feierläscher zouleeen geift!
- - Ech war ze schnell fir des Keier (= kurve, an och keier = moment) ennerwee (awer net vun der erlaabter vitesse hier betrachtet, do war ech an der norm!)
- - Et gin mei hellefsbereed Leit wei een mengt
- - Merci un dei dei komm sin: Meng Elteren, Julie & Tilly, Pompjeeen, Police, Dépaneuse, dei Ambulanz dei "zoufälleg" anwesend war, an warscheinlech na puer "Schutzengelel" oder sou ... an do war och een Mann deen de Verkeier gudd geregelt huet, ech hun deem mol net Merci gesoot (owell beemol huet d'Police d'Leit fueren geloss an du ass en gefuer), mee dee Mann huet dat wieklech gudd gemaach!
- - Merci un de Roy dass en meng Saachen aus de Mall gerett huet!
- - Probeiert iech beim Autofueren firun aan ze haalen dass der grad 1 iwwer eng Tonn ( je no Auto) duch d'geigend bewegt ...
Wei dat lo mat der Versecherung leeft wees ech nachnet, ech hun Vollkasco, den Auto huet 7-8 Meint, hat 8000 km, wei daat leeft dozou bloggen ech villeicht speider nach bessi ...
Bon dat war et mol fir haut...
mfg Kloot
Montag, November 03, 2008
Sonntag, November 02, 2008
Don't Download This Song
Moin, firun kuezem huet MTV jo hieren Videoportal mtvmusic.com opgemaach, an jo do gett et soueen Lidd "Weird Al Yankovic - Don't Download This Song" wou 4 Filesharing Programmer dran genannt gin Morpheus ,Grokster, Limewire an KaZaA, an jo dei sin bei der Versioun dei een op MTV geseit ausgeBEEEPT! Ass ganz lusteg engkeier unzekucken:
http://www.mtvmusic.com/video/?id=108884
Minut 00:33 ...
Onzenseiert versioun op Youtube z.b.
http://de.youtube.com/watch?v=Yz-grdpKVqg
Bon misst dat einfach mol Bloggen ech fannen dat iegendweil lusteg awer o bessi traureg lol =)
Des weideren gett et na ze erwähnen dass muer een gewessen Daach ass ... mee bon, ech wert mech lo net driwwer opreegen ... a.s.w. ... k.a. ... mhm io
Okeee
Dat wa et da mol fir haut ...
mfg Kloot
