Hallo, mein Blog ass rem online, zwar nanet enner kloot.lu, mee do kennt en demnächst och rem hin, de Problem ass dass net jiddereen mein Blog ze liesen huet, an awer op all mengen Visitenkaarten kloot.lu steet, an ech och villen leit meng mail mat *iegendeppes * _a. t._ kloot punkt el luuu gin well dei meescht leit tippfehler mat ranbrengen an bei deser Adress ass na lo al mail unkomm =) och wann firum dem @ well "ben" amplaatz vun "den" strungen, mee bon, ech kucken mol fir mer demnächst meng claudemay.com Seit upzedaten an do d'Mail adress un d'laafen ze brengen, villeicht geet se och, naja nanie benotzt =)
Bon mol rem bessi Zweschenbericht: Gleich hun ech B-day *oha* , bon, an firun kuezem huet mein Steierrad beim fueren dauernd sou geziddert, an jo war dun an d'Garage (Ford Wengler), an dei hun rausfonnt dass meng Felge "geteitscht" war, well ech *warscheinlech* opgeschloo sin, an jo deen aaner Puneu do hun/haat ech een nool dran, awer dat schon mei eng laang zeit ... An d'flecken vum Pneu, Nei Felge, Spuer anriichten 430€ (opgronnt) ... bon net grad belleg, hat net geduecht dass eng Felge sou deier wär, fannen max 150€ wär een korrekten Preis fir eng Felge, awer net 180€ ... so mol =) Mee bon, sin frou dass net duech daat zidderen nach aaner saachen futti gaang sin...
Bon emmerhin rullt mein Auto lo rem, dat eenzegt wat lo na bleift sin 2 kleng schreibsen, beim Wengler kascht et em dei 700€ fir see rauszemaachen, ech wert do awer mol nach bei puer aaneren Garagen een Devis froen...
*iwwergang*
Gescht wa ech mam Roy & Julie am Melu "Show me your Sloggi" "kucken", mee bon, hun net vill gesin, fazit: fir d'next Joer muss ech 1m wuessen, oder sie mussen d'Bühn mei heisch maan ...
*iwwergang*
Haut wa ech Wall-E an de Kino kucken... ganz flott... io io ...
*iwwergang*
Hun och bessi geproggt haut, ech sin amfong iwwerzeescht vum neien Chill Editor, just de recht seet en wär scheiss ... mee bon =) ... ech geif soen aus deem gett eppes =)
majo ...
Souvill zum Sonndeg!
mfg Kloot
Sonntag, Oktober 19, 2008
Mein Blog ass rem on!
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)

1 Kommentare:
Moin moin, bloggen hun ech o well lang net mei gema :P muss mol nees ufänken hehe. chill-editor ftw :p
Kommentar veröffentlichen