Mittwoch, Mai 14, 2008

Was war? Was wird ? WTF! gz , blah - kk

Also, hallo erstmal :)

Moien

Metteg

Bonjour

an Hallo =)

Sou keint ech lo nach weider rondremm de brei schwätzen, oder schreiwen ...

Alsooooo =)

An de leschten deeg war gudd wieder (fir dei dei vergiess haaten aus der Fenster ze kucken ;) ) ... an doweinst wa ech och net souvill um PC an hun och entsprechend manner geblogt obwuel mei geschidd ass ... ech wees och lo guernet wou ech unfänken soll, dofir hun ech mein Handy lo mol ungeschloss en kucken waat ech alles un Fotoen drop hun wou ech eppes dazou schreiwen keint ... ;)


*loading* -- ohjo _freak_



*found*



Thema:

RUTSCHAUTOEN & GRILLEN


Sou wei hänkt daat zesummen ... mol ungehol dir sidd ze Faul fir op de Recyling Center ze goen an dir maacht een Feier ... -mom- > dir kommt drop eppes illegales ze maan ? AHA .... Weieng gedankengäng de Roy haat kann ech lo aus rechtlechen grenn net soen ;)

Also ... wat mecht een mat engem Rutschauto aus "Oma's Garage" , an zwar een Rutschauto deen dei ganz Kantheet mat iwwerlieft huet ( an dei ass hard fir Spillsaachen)



*abschweifen 2.0*

Alsooo .... ech weisen iech lo mol puer Fotoen vun dem besoten Auto ...





Bessi Posen ;)





Natierlech gudd gaas gin dass et aus dem Auspuff dämpt ;)







De Katalysator hat puer problemer ...



an et gett nach meischlemm ...


...nodeems mer dun mat 200 km/h an eng keier gefuer sin ass et geschid ... :/
















ACCIDENT!















Jo .. an du wa et riwwer ... zur eier nach een Video vum Loftfilter an Auspuff ...



R.I.P. Rutschauto


Vum Grillen hun ech awer keng Fotoen, mee mengen do gett et nach geleegenheeten puer Fotoen nozehuelen ;)


DREPS4TW


----


Well ech lo schon grad bei Autoen sin, weisen ech o na een Bild vum Fiesta sengem verbrauch ;)





k.a. waat ech falsch maan ;) (net ganz eescht ze huelen!)

---

Sou an lo een iwwergang vun Auto zu ... Fleesch , an deen iwwergang Trixxen ech iwwer de Pascal ;)

Also Auto -> Pascal:

De Pascal huet och seid kuezem een Auto :) GZ!




YEAH!!! Sou ,. lo ass den iwwergang Perfekt , dir gesit de Pascal mat Fleesch *yuhu* ...

Wei der gesidd sin do meng Schong , an een Ankaafs ... äh ... Biitschen ? .. anee .. Kuerf ;) .. Aus Plastik!

De Roy iwwerleet grad waat en sech mathuelen soll ... oder verarscht en mech well ech emmer sou denken ??? ... oder denkt hien villeicht selver sou ?!

An de Serge, Pascal an Yannick maan och eng Lagebesprechung ;)

Wat datdo bedeit ass nach net geklärt ...


Nodeems mer dun ankaafen waren waren mer Grillen .. zu Reimech ... mengen ech ;)

Sou lo kennt den iwwegang Grillen -> Serge B-Day =)

Also ...


Zum Serge sengem B-Day waren mer och Grillen ... mee leider hun ech do nach keng Fotoen, dei kommen villeicht nach no ... mee bon keng Garantie, haftung, e.t.c.!

... *next*

Virgescht:

Expiriment Pizza um Grill maachen

Majo Virgescht (netmei secher op et virgescht war) hun ech mam Serge an Yannick probeiert Pizza um grill ze maan, dei echt hun mer versaut mee dei duerno sin richteg gudd gin :) ... einfa bessi Selverpabeier an ... *wann der mei wessen wellt musst der daat Kachbuch kaafen daat mer demnächst rausbrengen*


Souvill dozou!



*next*



-> Schon rem Grillen ;)

Weini: Gescht!

Ahjo ... gescht waren mer op de Stauf fir bessi Velo ze fueren an ze Grillen, an den Yannick & Roy waren och bessi paddelen ;) leider hun ech do och keng Videoen :/ ... ech brauch meieng grouss Speicherkaart fir mein Handy .... *sponsoren gesicht* !

Zu muer kent villeicht na een Beidroo .. mee bon och keng Garantie an sou ....


............


Wat leeft haut ?

(Werbe-) Stickeren op Kamionett peschen an den owend lil jon concert :)


Ech gin och lo bei de Roy stickeren oppeschen .. d.h. sin chu .. mei demnexxt ...


oder och net :p



Ech hoffen ech kruut dat ganz mat fleissenden iwwergäng hinkritt :)


mfg Kloooot