
Hey, also gescht wa ech mam Gaby, Tilly, Julie & Roy op Maastricht, wa ganz flott, hun mer Schong kaaft an eng relativ deier Joggings Box, an an der Foussgängerzone goufen su Burn Shot Fläschen ausgedeelt, wann een se richt richen se relativ gudd, wann een et drenkt schmaachen se awer no der eischter schluck relatv eckleg ... naja egal, ech hat der wei mer dei eischt keier laansch gaang sin 2 gedronk, an dun um wee fir zreck nach engkeier een, amfong sollt een zwa maximum 2/Daach drenken (steet op der packung) well dat quasi een mega coffein-flash ass, ech hat och d'gefill ech häTt een klengen flash gehaat,mee kann awer och placebo gewiecht sin... well 5 stonnen drop um heemwee am auto hätt ech schonremm KENNEN pennen (hun ech awer net! wei verschidden let mengen) - bon - dun um wee duech d'eisleck heem hun mer nach een Seat begeint deen am Grouf lung, dei hun op d'depaneuse gewaard,wa kengem eppes geschidd ... an oowes waren ma na an de "renoveierten" Pizza hut zu Beggen, ech fannen en ass ze "clean" gin, also keen wohlfühlgefühl mei .. mee ass och villeicht gewinnungssaach ...
Dat wa mein Fazitz =)
mfg Kloot
Sonntag, November 08, 2009
Maastricht fir de flip
Donnerstag, November 05, 2009
Iwwerraschungs B-Day Party
Hallo, gescht gouf ech bessi iwwerrascht =) ... also de Roy kruut sein Auto geschter (Seat Alta FR) an mir sollten deen dem Fabrice weisen goen, an duerno eppes iessen goen ... dat wa de Plang ... bon, an realiteit si ma bei de Fabrice gefuer, an beim Fabrice rangaang well sie *anscheinend* nach net färdeg waren ... jo ... rankomm ... et wa bessi deischter ...*tada*, häppy birthday an sou .. ioa, eng kleng happy-b-day-paangesch-buff-iwwerraschungsparty-mat-improvisierten-zitrounen-kuch oder sou ;) flottflott ... ech soen allen dei komm sin an et organiseiert hun merci =) ... ech wollt jo well emmer eng iwwerraschungsparty =)
Sou, hun dat mol erwähnenswert fonnt ... eigentlech misst do och engekeier een Fotoshooting mam Altea gemaach gin ... mhm ... mal kucken =)
Ech sin lo mol ab
Chu =)
Dienstag, November 03, 2009
Happy b-day Kloot
Ohmei wat sin ech een egoist =) ... soulaang keen Blog-Eintrag an dann fir mein B-day schreiwen ech ma selver ... hehe amfong och bessi traureg nee ? bon ... de flip ass folgenden ... Bloggen ass netmei "cool" ... mettlerweil tippt een sein liewen op Facebook ... wat natierlech sub-optimal ass wann een engkeier speider gär alles op enger plaatz hätt ;) ... bon wei ech dat lo enner kontroll kreien wees ech awer o net lol ;)
also Fazit: 22 Joer ass bislo kee speziellen Flip =)
Dei nächst keier wou der laanscht kucken kommen kennt ass warscheinlech den 1. Januar =)
Dienstag, August 11, 2009
Albumshare.de
Hallo, firun pure deeg hun ech en neien Projet gestart, et handelt sech em de Site www.albumshare.de , engem Alben hoster wou der Foto-Alben roplueden kennt ouni iech unzemellen, desen Post ass mol haaptsächlech fir dass Google mech fennt, am moment ass nanet vill lass op der Seit, villeicht brauch een dee Service och einfach net ... naja, och wann ech den eenzegen sin deen en dann villeicht benotzt, dann huet et sech jo awer gelount =)
mfg Kloot
Dienstag, August 04, 2009
Sommerloch 2009
Hey, ech hun d'gefill et geet well lass mam Summerlach ... moies brauch ech nemmen na 15-20 min. bis an d'Staat an dass quasi nixmei lass... dass mega eidel iwwerall ... och op Facebook deet sech netmei vill ... naja, wann ech lo congé hun kann ech ma virstellen keint et schnell langweileg gin ... ech hun na keen plang ://///
Nach een Update: Eisen Hond heescht lo offiziell Luna an jo ... ass eben deen Hond do op der Foto :)
Sonntag, August 02, 2009
Neien Handy
Moin, well ech mer geschter en neien Handy kaaft hun bloggen ech haut mol engkeier per Handy... ech hun mer een HTC G1 kaaft an sin bislo o na relativ zefridden damat, just wann een online ass schengt een net emmer erreeschbar ze sin. Ansonsten hun ech elo na Tango Easy an en Datenabo fir eben kennen mam Handy online ze goen, ob een dat ganzt lo brauch oder net ass eng aaner saach...
Firdrun wa d'Puppa hei an nach soueen Typs vun Lentgen, an jo dei hun en Hond matbruecht den elo gudd eis geheiert, ob en lo Nina oder Emma heeschen wert ass nanet ganz kloer ;)
majo dat wa et dann mol bis lo, mat dem aktuellen Programm hei kann een keng Biller roplueden mee dat kennt noo...
Sonntag, Juli 26, 2009
Et gett rem gebloggt
Hallo, no laangem net-bloggen mol rem engkeier eppes neits vun mir, wei emmer ass rem villzevill geschidd fir iwwer alles ze berichten ;)
Also ech hun lo als Handy den 6600 Slide an netmei all meng Biller, merci un de Roy dee mer der lo na puer iwwer MSN gescheckt huet....
Also den 28.05 war ech amfong po Breissel an d'Klinik, well awer neischt besonneges unstoung, hat ech welles mam Roy noo der Klink na een klengen Trip ze maan, also sin ma noo der Klinik bis bei den Atomium gefuer, hun do bessi Fotoen gema, een Tour duech den Atomium gaang, an duerno eppes iessen. Den nometteg waren mer dun op Rotterdam gefuer wou mer opmanst 20 mol am Krees gefuer sin fir een Parkhaus an dei Fussgängerzone za fannen ... wat lo awer nach zu Rotterdamm wa wees ech netmei... ech hat ma nach schong kaaft.... mee soss *wissenslücke*
Een Bleck aus der ierwegster Kurel am Atomium
Bon, wat an de leschten Weekend-er och de Fall war ass dass ma op puer Tuning-Treffen mat Oversize gaang sin, den eischten wa zu Mirecourt an Frankreich, do wa et schons deier ;) ... an jo da waren mer na een Weekend op 2 Treffen an der Belge an haten eng iwwernachtung am Hotel "De Watermolen" een ganz properen Hotel, belleg, an ganz feint personal, kann ech nemmen empfehlen... ech hun leider vun all deem keng Fotoen, dei kommen awer villeicht noo....
Bon, mir ass et mega waarm, ech kommen zum schluss lol
Also, hat ma o na bessi Streifen o mein Auto gepecht:
Sou, an lo mol zu bessi mei aktuellen Saachen: Firgeschter hat de Fabrice B-Day gefeiert an hierem neien Appartement, wei gewint keng Fotoen ;) sry ... an een mega THX un de Marc dass en extra bis an Letz. roofkomm ass,hun ech ganz cool fonnt muss ech soen ....
bon, ... sry fir dass dat ganzt sou dohingeklaakt wiekt,mee dass mir mega warm an Nokia PC Suite ass decken scheiss ^^
dat misst och mol gesoot gin, an deem senn ... pfff ahjo gescht wa ech na op een suzukitreffen, ok keng Fotoen, mee den Treffen wa um Nürnburgring, dat wa awer cool fir dat mol engkeier ze erliewen, dei leit de matwaren waren och ganz cool .... mee bon organiseiert wa et net ...
ech gi verreckt ^^
chu
